offer-therapie3

Offer

Psychotherapie fir Erwuessener

Begleedung bei psychesche Belaaschtungen, Liewenskrisen a komplexe psychesche Krankheetsbiller.

Behandlung vun affektiven & stressbedéngte Stéierungen

Spezialiséiert ë. a. op:

  • Panikattacken
  • Generaliséiert Angschtstéierung
  • Sozial Angscht
  • Fluchangscht / Aviophobie (inklusiv Expositioun)
  • Depressioun
  • Burnout & emotional Erschëpfung
  • Upassungsstéierungen

Traumatherapie & EMDR

Veraarbechtung vu belaaschtenden Erënnerungen a traumateschen Erliefnesser.

ADS/ADHS-Diagnostik & Behandlung

Ëmfaassend Testunge, detailléiert Anamnesen an therapeutesch Begleedung.

Behandlung vu Suchtproblemer

Vill Erfarung mat:

  • Alkohol- a Drogenofhängegkeet
  • Medikamentenofhängegkeet
  • Verhalenssüchten (z. B. Gaming, Internet, Aarbecht)
  • Substanzbezunnen Stéierungen
  • Iess- a Zockerofhängegkeet

Ech kombinéiere kognitiv Verhalenstherapie, motivéierend Gespréichsführung, Réckfallspräventioun a ressourcenorientéiert Approchen.

Intelligenz- a neuropsychologesch Testung

Standardiséiert Prozeduren zur Ofklärung vu kognitive Fäegkeeten.

Laangjäreg Erfarung mat Psychosen & komplexe Belaaschtungsbiller

Differenzéiert Diagnostik, stabiliséierend Begleedung a strukturéiert Réckfallsprophylax.

Supervisioun

Fir Psychotherapeut*innen, psychosozial Fachleit an Equippen.