Iwwer mech

Jörg Wimpfheimer

Psychotherapeut vun der CNS (Caisse nationale de Santé) unerkannt, MSc Integrativ Psychotherapie
Kognitive Verhalenstherapeut · EMDR-Therapeut · Supervisor

Ech sinn diploméierte Psychotherapeut mat engem Master an integrativer Psychotherapie a schaffen zanter ville Joren an eegener Praxis zu Méchela, Lëtzebuerg.

Meng Schwéierpunkte leien am Beräich vun affektiven a stressbedéngte Stéierungen, dorënner Depressioun, Burnout an Angschtstéierungen (inklusiv Fluchangscht), souwéi an der Traumatherapie, EMDR an an der Diagnostik & Behandlung vun ADS/ADHS.

Ech hunn zousätzlech villjäreg Erfarung an der Behandlung vu Psychosen a komplexe Suchtproblemer, wat et mir erméiglecht, och schwéier belaaschtend psychesch Situatioune kompetent, sécher a differenzéiert ze begleeden.

Mäin therapeuteschen Usaz verbënnt Methoden aus der kognitiver Verhalenstherapie mat engem integrativen, holistesche Mënscheverständnis. Gedanken, Gefiller, Verhalen a kierperlech Empfindunge gräifen aneneen, an do setze mir mat Struktur, Kloerheet a Matgefill un.

Therapie bedeit fir mech en geschützte Raum: ouni Viruerteeler, respektvoll a vun enger éierlecher mënschlecher Begéignung gedroen. D’Zil ass net nëmme Symptomreduktioun, mee nohalteg, spierbar Verännerungen, Richtung méi Selbstvertrauen, bannenzeger Rou a Liewensqualitéit.

Ech schaffen op Däitsch, Lëtzebuergesch, Franséisch an Englesch.

Meng Leeschtunge si vun der d’CNS unerkannt a gi rembourséiert

Ech bidden och Supervisioun fir Fachkolleg*innen un.